REVALORISÉIERUNG VUM STADKÄR

MÄI QUARTIER, 

MENG WËNSCH. 

Léif Biergerinnen a Bierger, Bewunnerinnen a Bewunner, Geschäftsleit, Employéen a Visiteure vun der Uelzechtstrooss,

d’Uelzechtstrooss mat hire Säiten- a Niewestroossen ass als aktuelle Stadkär e wesentleche Bestandeel vum Liewen an eiser Stad. Et ass eng Plaz, wou akaf, geschafft, Fräizäit verbruecht a virun allem gelieft gëtt!

Haut wëll ech – mat der ganzer neier Équipe – dem Stadzentrum frësche Wand ginn, an dat geet nëmme mat Iech, déi Dir hei wunnt,, schafft an akaaft.

Aus dësem Grond starte mir e grouss ugeluechte Bedelegungs- an Dialogprozess, zu deem mir Iech invitéieren, mat Ären Iddeen e ganz perséinleche Bäitrag zur Zukunft vun der Uelzechtstrooss ze leeschten.

Äert Matwierken ass eis immens wichteg. Mëscht Iech an. Elo hu mir d’Chance, d’Uelzechtstrooss gemeinsam ze verbesseren. Mir lueden Iech an, eis Uelzechtstrooss méi attraktiv, schéin a liewenswäert ze maachen.

De Buergermeeschter

Georges Mischo

D'Ausfëllen hëlt nëmmen e puer Minutten an Usproch 


ECH MAACHE MAT

WÉI KANN EE MATMAACHEN?

AKTIVITÉITEN

QUARTIERSTOUREN

Samschdes, de 26.05.18 a samschdes, den 09.06.18 bidde mir gefouert Quartierstouren duerch d’Uelzechtstrooss an hir direkt Emgéigend un. Experten aus der Gemeng gi bei verschiddenen themateschen Arrêten en Input iwwer Entwécklungen an aktuell Planifikatiounen, fir eng Diskussioun op der Plaz unzereegen.

Op engem Parcours vun 2,5 km bitt sech den intresséierte Bierger/innen esou d’Méiglechkeet, sech iwwer bestoend Potentialer an Erausfuerderunge fir déi zukënfteg Entwécklung vun der Uelzechtstrooss auszetauschen oder direkt op der Plaz ze diskutéieren.

Treffpunkt

Gemeng vun der Stad Esch-

Uelzecht

Auerzäit

10:30 Auer

mat Kaffi a Croissanten zur als

Stäerkung virum Depart

Dauer

Ca. 1,5 h

ECH SCHREIWE MECH AN

ZUKUNFTSKONFERENZ

E wichtegen Deel vum Bedeelegungs an Dialogprozess ass d’Zukunftskonferenz. Hei kënnt Dir Är Iddie fir d’Entwécklung vun der Uelzechtstrooss a vum Stadkär aktiv abréngen!

D’Zukunftskonferenz leeft an dräi Deeler of:

1. Informatiounausstellung

2. Moderéierten Austausch a méisproochege klenge Gruppen

3. Patt mat oppenem Gespréich


D’Zukunftskonferenz gëtt un dräi Rendezvousen ugebueden. Mir invitéieren Iech, un engem oder méi Rendezvousen deelzehuelen.

Mëttwoch, 27.06.18

ECH SCHREIWE MECH AN

1. RENDEZ-VOUS

Wou

Gemeng vun der Stad Esch-

Uelzecht

Auerzäit

ab 17:00 Auer:

Informatiounausstellung

ab 18:30 Auer:

Moderéierten Austausch a 

méisproochege klenge Gruppen

ab 21:00 Auer:

Patt mat oppenem Gespréich

2. RENDEZ-VOUS

Wou

Gemeng vun der Stad Esch-

Uelzecht

Mëttwoch, 04.07.18

Auerzäit

ab 17:00 Auer:

Informatiounausstellung

ECH SCHREIWE MECH AN

ab 18:30 Auer:

Moderéierten Austausch a 

méisproochege klenge Gruppen

ab 21:00 Auer:

Patt mat oppenem Gespréich

3. RENDEZ-VOUS

Donneschdeg, 12.07.18

ECH SCHREIWE MECH AN

ab 18:30 Auer:

Moderéierten Austausch a 

méisproochege klenge Gruppen

ab 21:00 Auer:

Patt mat oppenem Gespréich

Auerzäit

ab 17:00 Auer:

Informatiounausstellung

Wou

Gemeng vun der Stad Esch-

Uelzecht

OPPE FORMATER

Hutt Dir Loscht, selwer aktiv ze ginn an eng eegen Aktioun ze organiséieren?


E weidert Element vum Bedeelegungs- an Dialogprozess sinn déi oppe Formater. Dorënner versti mir, dat all Bierger/innen, Interessegruppen an Organisatiounen eegen Aktiounen organiséieren an duerchféiere kënnen. Dat kënnen z.B. Workshops (Atelieren),, kënschtleresch Projeten oder Diskussiounsronne sinn.

BEI INTERESSI ODER FROE KONTAKTÉIERT EIS ËNNER:
uelzechtstrooss@villeesch.lu

Mir géifen eis freeë wann Dir géift d’Méiglechkeet zur Ëmsetzung vun Ären eegenen Iddien notzen an e breeden Austausch iwwer d’Uelzechtstrooss fërderen. Mir ënnerstëtzen Iech gäre bei der Planifikatioun!

ECH SCHREIWE MECH AN

ECH SCHREIWE MECH AN

LU FR DE PT EN

Dës Emfro ass tëscht dem 9. Mee an dem 15. Juli vu méi wéi 1000 Leit ausgefëllt ginn. D'Äntwerten ginn elo evaluéiert. Mer informéieren iech op dëser Säit driwwer wéini d'Resultater publizéiert ginn.

Fir Froen oder weider Commentairen kën der eis kontaktéieren iwwert folgend Mail Adress: uelzechtstrooss@villeesch.lu

RESULTAT VUN DER ËMFRO

Fix the following errors:
Hide